Manktem u wichtege Medikamenter an den Apdikten

29 janvier 2018 | Par RTL.lu
Manktem u wichtege Medikamenter an den Apdikten

Manktem u wichtege Medikamenter an den Apdikten

Den Ament feele wichteg Medikamenter an den Apdikten. Zum Beispill fir héije Bluttdrock oder Häerz-Rythmusstéierungen.

Dat schreiwen op alle Fall dräi DP-Deputéiert an enger Parlamentarescher Fro. Si schwätze souguer vu Gefore fir de Patient. Een eidelen Tirang, dat ass fir een Apdikter ee Problem, dee reegelméisseg opdaucht. Een Enkpass, deen net ee Medikament spezifesch betrëfft, präziséiert d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch.

9 vun 10 Medikamenter, déi zu Lëtzebuerg verkaf ginn, kommen aus der Belsch. Ma wann et zu gréisseren Enkpäss kënnt, gëtt et nach ëmmer e Plang B. Mir kéinten dee Moment op den däitsche a franséische Marché zeréckgräifen. De Maart vun de Medikamenter gëtt duerch ee Quotesystem um europäesche Niveau geregelt, dee vun der Consommatioun ofhänkt. An awer huet do all Laboratoire seng eegen Aart a Weis, fir dëst auszerechnen, esou datt ee sech awer och net ëmmer op déi Statistike verloosse kann.

Am Fall vun Enkpäss bei bestëmmte Medikamenter kann den Apdikter a Récksprooch mam Doktere e Generique proposéieren, een Ersatzmedikament mam selwechte Wierkstoff dee méi bëlleg ass. D’Fro déi sech stellt: ass déi vun der Gefor fir eeler Leit. Well d’Medikamenter aner Verpackungen hunn, kann et, wann ee béid am Haus huet a vergieess huet, datt dat eent en Ersatz fir dat anert ass, béid zesummen huelen. Dëst kéint, jee no Medikament, awer Geforen an Niewewierkunge matsechbréngen.

Concor, d’Medikament dat ënnert anerem an der Question parlementaire vun den DP Deputéierten indirekt ugeschwat gëtt, kënnt iwwregens net aus der Belsch, mä Däitschland.

 

voir la vidéo sur rtl.lu