Téléconsultatioune vun der Gesondheetskeess zanter en Donneschdeg operationell

26 mars 2020
Téléconsultatioune vun der Gesondheetskeess zanter en Donneschdeg operationell

Zanter en Donneschdeg de Moien ass eng Plattform fir Téléconsultatioune vun der Gesondheetskeess, der CNS, operationell. Dat gouf op der Pressekonferenz vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert zesumme mat Experten en Donneschdeg matgedeelt. Patiente kënne sech hei per Video mat hirem Dokter a Kontakt setzen, an net just iwwert Telefon. « Et ass ganz wichteg, datt d’Patienten déi Plattform benotzen, fir d’Sécherheet vun deene Consultatiounen z’assuréieren », sot de Christian Oberlé, Direkter vun der CNS. Wat d’Verrechnung vun dësen Téléconsultatiounen ugeet, déi wieren d’selwecht, wéi wa se géingen an der Praxis eng Consultatioun maachen. Eeler Leit kënne weider Kontakt iwwer Telefon mat hirem Dokter huelen, deen da kann dofir suergt, datt déi néideg Ordonnancen an Dokumenter un de Patient kommen.

Zu de Centres de soins avancés war et d’Erklärung vum Pierre Hertz, de Coordinateur vun den Zentren fir de Gesondheetsministère, datt souwuel Leit mat Verdacht op de Covi9-19-Virus sech kënnen do presentéieren, wéi och Leit mat ganz anere Problemer, déi näischt mam Virus ze dinn hunn. Allerdéngs géinge ganz streng Sécherheetsreegele gëllen an et géing en Tri gemaach ginn. Bis e Mëttwoch waren 219 Leit an de Centres de soins avancés an de Foireshalen, an der Rockhal an an der Däichhal gezielt ginn. En Donneschdeg de Moien koumen der nach 75 dobäi.

Zum Projet Discovery war et ënnert anerem d’Deklaratioun vum Direkter vum CHL, den Dr Romain Nati, datt d’Resultater réischt méi spéit op ee Coup bekannt ginn.

Déi normal Praxisse vun den Zänndoktere hunn alleguer mussen zoumaachen, sou de Carlo Ahlborn. Dofir gouf elo e Rotatiounssystem an d’Liewe geruff, wou ëmmer 3 Praxissen am Land ophunn. Eng am Norden, eng am Zentrum an eng am Süden. Do sinn da jeeweils 2 Doktere present an et gi just Urgencë behandelt. Via d’Hotline 8002 8080, gëtt ee gewuer, wéi eng Praxissen Déngscht hunn.

De ganzen Reportage fannt dir hei.