Nieft Tester och Impfungen an den Apdikten

27 novembre 2021
Nieft Tester och Impfungen an den Apdikten

Et wäert drop erauslafen, datt och hei am Land bei gréisseren Evenementer méi streng Kontrolle kommen.

Dës och fir Geimpfter oder Persounen, déi nees gesond sinn. D’Tendenz geet och dëse Wanter nees a Richtung reegelméisseg testen an dat fir jiddereen. An dofir sinn d‘Testkapazitéite gefrot.

Zanter dem Fréijoer ass et schonn a 64 Apdikten uechter d’Land méiglech, en zertifiéierte Schnelltest maachen ze loossen. Zanter, datt de CovidCheck den 1. November a Kraaft getrueden ass, wier d’Demande dräimol esou héich ewéi virdrun.

Nieft dem Test kann ee sech an Zukunft awer och an der Apdikt géint Covid-19 impfe loossen.

Fannt den ganzen Artikel um Site Web vun RTL.lu