Leit mat Symptomer sollen net an d'Apdikten

13 mars 2020
Leit mat Symptomer sollen net an d'Apdikten

De Syndicat des Pharmaciens Luxembourgeois huet e Freideg den Appell lancéiert, datt Leit, déi Symptomer vum Virus hunn, net méi sollen an d’Apdikt.

Wann eng Persoun Symptomer vun enger Infektioun opweist, soll ee sech un d’Recommandatiounen halen a en Dokter opsichen, beschtefalls awer iwwer Telefon kontaktéieren.

Brauch ee Medikamenter soll een och net selwer an d’Apdikt goen, mä eng Persoun ouni Symptomer schécken.

De ganzen Artikel fannt dir hei.