De President vum Aptikteschsyndikat, Alain de Bourcy, betount, déi nächst Liwwerung vum 5 Dausend Vaccinen soll spéitstens de 15. Dezember an den Apdikten ukommen.
5.000 Vaccinen op 98 Apdikten opgedeelt wieren der wéineg seet den Alain de Bourcy. D’Demanden hei am Land fir e Grippevaccin fir vulnerabel Leit ze kréien, wier zwee bis dräi mol sou héich, esou de President vum Apdikteschsyndikat. Mënsche mat Häerzprobleemer, al Leit, Asthmakranker a schwanger Frae géif ee prioritär mat Impfstoff versuergen.
« Mee wann dir 20 Patienten hutt déi misste prioritär e Vaccin kréien an dir hutt der just 10… Et ass net un eis Apdikter do den Tri ze maachen an dat ass och ganz schwéier. »
De ganzen Interview fannt dir um Site web vum Radio 100,7