D'Gardë solle finanziell ënnerstëtzt ginn

26 février 2019
D'Gardë solle finanziell ënnerstëtzt ginn

Dat geet aus enger Etüd ervir, déi de Gesondheetsministère zejoert bei engem Drëttel vun de 94 Apdikten am Land duerchgefouert huet.

D’Variatioune vun de finanzielle Pertë pro Garde fir eng eenzel Apdikt si grouss a leien tëscht 100 an 1000 Euro – dat jee nodeems, ob et an der Uertschaft vun der Apdikt eng Maison médicale oder e Spidol gëtt oder net.

All dës Chiffrë liwweren d’Ministere Schneider a Gramegna op eng parlamentaresch Fro vun de gréngen Deputéierte Josée Lorsché a Marc Hansen.

D’Resultater vun der Analys féieren derzou, datt d’Apdikte wäerte fir hir geleeschte Garden entschiedegt ginn – am Staatsbudget 2019 ginn entspriechend Sue virgesinn – de Montant kënnen d’Ministeren awer nach net chiffréieren.

Hei fannt dir de ganzen Artikel.